17.02.2020 – De Bichergeck

De Bichergeck – Facebook
De Bichergeck – Homepage

Dem Ian Cushing säi Roman kënnt aus dem Selbstverlag – an en ass wierklech staark! Ech war iwwert seng gewalteg Sprooch iwwerascht a wëll onbedéngt nach méi Bicher vun dësem Autor liesen.

D’Geschicht spillt an der Vergaangenheet (1611) an an der Géigewaart. Et geet ëm vermeintlech Hexen, Hexenprozesser an uerg Strofen. Et geet ëm Vergeltung an Ongerechtegkeet. Ech hunn den Abléck an dës Welt nawell interessant fonnt – an erschreckend zugläich. D’Barbara, eigentlech just Bäckerin gëtt zu Onrecht higeriicht.
Ech si vru Roserei bal un d’Decken gesprongen!
An der Géigewaart ginn den Jan, de Marcus an den Dirk Affer vu sengem onerfëlltenen Wonsch no Gerechtegkeet. Mussen si mat hierem Liewen bezuelen? Wéi grouss ass dem Barbara säin Haass?

Ech hunn d’Buch an engem Zock gelies, ech hätt mir méi Zäit missen loossen – mir d’Wierder op der Zong zergoen loossen. Et ass Horror pur – villäicht net fir jiddereen geduecht.

D’Charakteren sinn immens gutt gezeechnet an detailléiert, et war mir eng Freed jiddereen kennenzeléieren. D’Atmosphär ass gutt agefaangen, ech war praktesch live dobäi. A kuckt Iech mol de Buchcover un – ass en net wonnerschéin?
De Schluss ass phänomenal a passt bei de ganze Recht, eppes anescht hätt sech verkéiert ugelies.
E Pluspunkt gëtt et nach fir verschidden philosophesch Zitater!

Vielen Dank, Ian Cushing

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert